Communiqué vun der Präsidentin Domenica Fortunato während der Covid-19 Kris /Communication de la présidente Domenica Fortunato durant la crise Covid-19

Domenica_Fortunato_2c0587495293d672b5f88c287aecc9c3

 

Léif Memberen,

Ech riichten mech un Iech net nëmmen als Präsidentin vun der CMF, mee och als Cheffin vun enger Entreprise déi, wéi Dir all, vun haut op muer gezwongen war hir Dieren zou ze maachen opgrond vun enger onerwaarter Situatioun déi sécher schlëmm ass, mee déi zumindest hoffentlech, eenzegaarteg bleift.

Dësen Noutstand ass real, mee den Entrepreneur ass e Kämpfer. Selbstverständlech hunn mir eis, fir d’alleréischt, komplett hëlleflos vis-à-vis vun engem deloyale Konkurrent erëmfonnt an, als gewëssenhaft Patronen, waren mir natierlech gezwongen eis Salariéen an all aner Persoun ënner eiser Verantwortung an Sécherheet ze bréngen.

Mee mir liewen an engem Land dat eng staark Wirtschaft huet an des Stäerkt ass net zulescht och eis, den Handwierker, ze verdanken. An dëser schwéierer Zäit, ass de Staat amgaang Mesuren an d’Weeër ze leeden déi eis erlaben ze iwwerliewen a mir soen him elo scho “Merci” dofir.

Selbstverständlech sinn mir och all den Dokteren, Infirmièren an dem ganzen Gesondheetssecteur immens dankbar dofir, dass si hiert d’Liewen op d’Spill setzen fir eist ze retten.

Trotzdeem soen ech all de Patronen vun klengen an mëttelgroussen Entreprisen och, dass et méi wéi jee virdrun wichteg ass net opzeginn. Ganz am Géigendeel, bereet Iech dorop vir Iech zeréckzehuelen wat Iech gehéiert. Dir sidd en vitalen Deel vum Marché an mir dierfen net vergiessen, dass mir net déi eenzeg sinn déi vun dëser Kris menacéiert sinn.

An enger deraarteg aussergewéinlecher Situatioun ass et also virun allem wichteg zumindest en Deel vum Produktiounssystem vun eisem Land oprecht ze erhalen andeems mer den “MADE IN LUXEMBOURG” favoriséieren.

D’Fédération des Artisans géif ech deemno opfuerderen nach méi Drock op den Gouvernement ze maachen fir dass mer den Bäistand an déi néideg Hëllefen kréien kënnen déi mer brauchen fir dës Situatioun, déi mer esou nach ni erlieft hunn, ze iwwerstoen.

Ewéi schonn ugekënnegt ginn ass, ginn eis Rechnungen méi séier bezuelt, mee elo méi wéi jee virdrun, muss den Handwierker Vertrauen entgéint bruecht ginn.

All d’Zommen déi als Garantie zeréckbehalen goufen mussen fräigestallt ginn ouni dass den Delai vun engem Joer ofgewaart muss ginn.

Et muss och erlaabt sinn Acompten op Aarbechten déi amgaang waren ze froen ouni dass am Viraus justificatif Métragen ënnerbreet musse ginn.

Mir wëllen, dass och déi klengsten Entreprisen Zougaang op d’Marchés Publics kréien mat Minima Konditiounen déi manner restriktiv sinn.

Dann muss och méi Drock op d’Banken ausgeübt ginn fir dass si eis méi Liquiditéiten zur Verfügung stellen, allerdéngs ouni vun eis « Intérêts débiteurs » ze verlaangen an virun allem ouni ze erwaarden, dass mir eisen privaten Besëtz als Garantie zur Verfügung stellen.

En plus misst een deenen Entreprisen déi keng Leit entloossen eng Gratifikatiounsprimm zougestoen an hinnen och fir d’Krisenzäit déi 20 % déi net beim Krankegeld rembourséiert ginn, zoukommen loossen.

An deem Sënn wäert et néideg sinn eng Publicitéitscampagne op d’Been ze setzen déi d’Leit opfuerdert déi lëtzebuergesch Wirtschaft ze stäerken andeems se d’lëtzebuergescht Handwierk an dat lëtzebuergescht Produkt virzéien. Dës Campagne sollt den Leit och Merci soen, dass si dozou bäidroen, dass déi lëtzebuergesch Wirtschaft nees a Schwong kënnt.

Ech géif mer schlussendlech erlaben all meng Memberen ze bieden solidaresch mateneen ze sinn an nächster Zäit. Wann de Motor nees um Lafen ass, sollte mer probéieren alleguer zesummen ze schaffen, wann och nëmmen fir eng bestëmmten Zäit.

Wann een vun eis an Schwieregkeeten geréit opgrond vun mangelnder Aarbecht, dann sollte mir dofir suergen, dass all Mënsch souvill wéi méiglech schaffe kann fir dass mir och eisen Deel zu enger nees staarker Produktivitéit an Wirtschaft am Grand-Duché bäidroen.

An dëser Zäit vun « gezwongener Immobilitéit », géif ech Iech bieden mir all Iddi, Rotschlo oder souguer Kritik zoukommen ze loossen déi iergendwéi zu enger Verbesserung vun der Situatioun féieren kéinten.

Ech wëll Är Stëmm héieren ! Zéckt net an bréngt Iech direkt an !

Villmools Merci an bleift gesond. Eist Land brauch Iech!

 

Domenica FORTUNATO
Präsidentin CMF

 

 

Chers membres,

Je m’adresse à vous non seulement en tant que présidente de la CMF, mais aussi comme patronne d’entreprise qui, comme vous tous, s’est trouvée du jour au lendemain obligée à fermer ses portes face à une situation inattendue, qui est certes grave mais, du moins j’espère, unique.

Cette détresse est réelle, mais l’entrepreneur est un combattant. Bien sûr, nous nous sommes trouvés, pour la première fois, complétement désarmés devant un concurrent déloyal et en bon père de famille, il nous incombait bien évidemment de mettre à l’abri non seulement nos salariés, mais aussi toute autre personne sous notre responsabilité.

Or, nous vivons dans un pays qui a une économie forte et si elle est forte c’est aussi grâce à nous, les artisans et, en ce moment de grande difficulté, l’État est en train de mettre en œuvre les moyens nécessaires pour que nous restions en « vie » et nous le remercions d’ores et déjà pour ces initiatives.

Il va de soi que nous remercions également de tout cœur tous les médecins, infirmières et tout le secteur de la santé, qui sont en train de mettre en risque leurs propres vies pour sauver la nôtre.

Néanmoins, à tous les patrons des petites et moyennes entreprises, je leur dis aussi qu’il est plus que jamais important de résister à la tentation de baisser les bras. Tout au contraire, préparez-vous à reconquérir ce qui vous appartient ! Vous déteniez une part du marché vitale et il ne faut pas perdre de vue que nous ne sommes pas les seuls à être menacés par cette crise.

Dans une telle situation exceptionnelle, il est donc surtout important de maintenir en vie au moins une partie du système de production de notre pays, en privilégiant le « MADE IN LUXEMBOURG ».

À la Fédération des Artisans, je demande conséquemment d’exercer encore davantage de pression sur le gouvernement luxembourgeois afin que nous recevions le support et les aides nécessaires à notre survie pendant cette période sans précédent récent.

Comme déjà annoncé, nos factures seront honorées plus rapidement, mais plus que jamais avant, il faut faire preuve de confiance envers nous les artisans.  Il est nécessaire de libérer toutes les sommes retenues en tant que garantie sans devoir attendre le délai d’un an. Il faut aussi nous permettre de demander des acomptes sur les travaux qui étaient en cours en renonçant à la soumission de métrés justificatifs au préalable, etc. Que les marchés publics donnent accès aussi aux plus petites entreprises avec des conditions minima moins restrictives !

Ensuite, il faut exercer plus de pression sur les banques afin qu’elles mettent à disposition des liquidités sans pour autant imposer les intérêts débiteurs et surtout sans exiger de nous de soumettre comme garantie notre patrimoine privé.

De plus, il faudrait accorder une prime de « gratification » à toutes les entreprises qui ne licencieront pas leurs employés et leur rembourser aussi pour la période de crise les 20% qui ne seront pas pris en charge par l’indemnité pécuniaire.

Dans ce sens, il sera nécessaire de mettre en place dès maintenant une campagne publicitaire qui exhorte les gens à renforcer l’économie luxembourgeoise en favorisant l’artisan et le produit luxembourgeois et qui les remercie pour contribuer à la relance économique de notre pays.

À tous mes membres, je me permets enfin de vous prier d’être solidaire dans le temps à venir. Une fois que notre moteur remis en marche, essayons de travailler ensemble, ne soit-ce que pour un certain temps.

Si un de nous est en difficulté faute de travail, essayons de faire en sorte que tout le monde puisse travailler autant que possible afin que nous puissions aussi contribuer à un retour en force de la productivité et de l’économie du Grand-Duché.

En ce « moment d’immobilité forcée », je vous prie donc de me faire parvenir toute idée, conseil ou même critique utiles à apporter une quelconque amélioration.

Je veux entendre votre « voix ».

N’hésitez pas et engagez-vous dès maintenant !

Merci et restez en bonne santé. Le pays a besoin de vous !

Domenica FORTUNATO
Présidente CMF

 

Publié dans

Recherche

Generic selectors
Exact matches only
Search in title
Search in content
Post Type Selectors
Filter by Categories
Accueil 1
Accueil 2
FDA News
Non classifié(e)